Qualiteitscharta Gwo Caillou

|
Eise Betrieb ass fir eis virun allem eng Plaz wou Leit sech begéinen déi eng onvergiesslëch Vakanz an eisem klenge Paradies Gwo Caillou op der Karibikinsel Guadeloupe wëlle verbrëngen. Eis Bungalowen, aus roudem Holz gebaut, wéi ët vun den Awunner hei verwend gëtt, bidden eng gelonge Mëschung aus Authentizitéit a gehuewenem Standard.
|
|---|
De Gart deen d’Bungalowen ëmschléisst, besteet aus einheimësche Planzen. Et ass eng gelonge Mëschung vun tropëschem Bësch a botaneschem Gaart.
E garantéiert Intimitéit andeem ën d’Bungalowen vuneneen ofgrenzt.
D’Schwämm ass gefleegt. D’Waasser gëtt al Dag kontrolléiert.Den Zougng ass duerch en Zonk gesëchert.
Den Nationalpark Guadeloupe huet eis mat Gold ausgezeechent.
Ganz an deem Sënn respektéiere mir eis Emwelt, bauen eis Bungalowen am Respekt virun der einheimescher Architektur an leen eise Gaart mat einheimeschen, zum Deel seelenen Planzen un.
Gwo Caillou ass Member vun Guadeloupe autrement, enger am Oekotourismus aktiver Associatioun, daer hire but dora besteet hir Clientèle an engem der Emwelt gerechten, Emfeld ze empfänken. (Leider gëtt et nach keng Mülltrennung op Basse Terre)Dir kënnt voll Vertrauen an eist klengt Paradies kommen, mir empfänken Iech mat engem groussen Haerz a machen eis bescht fir Iech en onvergiesslechen Openthalt ze bidden.
Mir sinn ëmmer fir eis Gäscht do a wann Dir Informatiounen oder Hëllef braucht, sti mir zu aerer Verfügung.
Mir wënschen Iech eng informativ Visite vun eisem site an freen eis Iech op „eiser“ Insel kënnen ze begréissen.
Jeanne & Luc
haaptsait - kleng bungalowen - grouss bungalows - schwämm gwo caillou - gaart gwo caillou - gäschtgeber - praiser bungalowen - iessen bungalowen - qualiteitscharta - ökotourismus guadeloupe - géographie guadeloupe - aktiviteiten vakanz - fotoen guadeloupe - tauchen malendure - auto lounen guadeloupe - linker vakanz - gäschtebuch - kontakt