Tauchen Malendure

plongée malendure

Tauchen zu Malendure

Wann dir wëllt tauchen goen proposeieren mir iech den Klup vun eisen Frënn dem Frank am Caro

PPK

Plongée Plaisirs Karukera

plongée malendure

.

Tauchen am Karibeschem Mier

Dir drémt dervun an engem warmen an kloerem Mier ze tauchen, mat tropëschen Fësch ze schwammen !

Dann wart net mei lang an kommt bei eis !

Op dir dei eischten keier taucht oder op dir schons Erfahrung hut, d'Inselen vun Pigeon bidden fir all Niveau eppes.

Schildkröten, Langousten, Corallen, all d'Bewunner vum Mier sin um Rendez-vous.

 

plongée malendure

D'RESERVE COUSTEAU

Eng Réserve dei vun den Taucher vun der Calypso an dem Commandant COUSTEAU erfuercht goufen.

Hei ass dei greissten Usammlung vun Schwämm an den Antillen an et gin iwer 200 Arten vun Fësch.

D'Wasserschildkrött dei baal verschwonnen war ass nés zereck.

 

plongée malendure

Den Chambord

13 Meter lang, gereimeg an konfortabel, kann bis zu 36 Taucher empfänken.

D'Material fir Taucher ass um Boot an et brauch én d'Fläschen net ze schleefen

Also brauch én sech nemmen nach an d'Wasser fallen ze loosen an den Tauchgang ze geneissen.

 

plongée malendure .....plongée malendure

Le Dieulidou

Den "Dieulidou" ass 1996 gebaut gin. Et ass en Type "intrépide 850", ganz aus Alluminium gebaut an entweckelt fir als tauchschëff benotzt ze gin. Et fannen 20 Taucher um Schëff Platz.

Mat engem Motor vun 300 CV ass et én schnellt Boot, ausgestatt mat engem GPS an engem Sensor sou dass én och Siter fennt dei net esou vill besicht sin.

Och op desem Boot as dat ganzt Material fir Taucher.

 

Fir är Secherhéet ass emmer én Tauchmoniteur um Boot während dei annner tauchen sin.

Et ass och eng eischt Hëllefkescht do an eng Fläsch mat Sauerstoff an en Radio VHF

No dem tauchgang get iech dann e gudde Planteur offreiert..

plongée malendure

Fir weider Informatiounen kennt dir iech direkt op den Site vun PPK goen

www.plaisir-plongee-karukera.com

 

Réduktioun vun 10 % fir Klienten vun Gwo Caillou

 

No uewen

Haaptsait

 

haaptsait - kleng bungalowen - grouss bungalows - schwämm gwo caillou - gaart gwo caillou - gäschtgeber - praiser bungalowen - iessen bungalowen - qualiteitscharta - ökotourismus guadeloupe - géographie guadeloupe - aktiviteiten vakanz - fotoen guadeloupe - tauchen malendure - auto lounen guadeloupe - linker vakanz - gäschtebuch - kontakt