Guadeloupe

Guadeloupe

D'Guadeloupe

Géographesch Situatioun vun der Guadeloupe

Guadeloupe .....Guadeloupe

D'Guadeloupe laït ongefeier 6 700 km vun Frankreich, 650 km vun Südamerika, 750 km vun der Dominikanescher Republikan 2300 km vun Amerika eweg.

Am November 1493 huet den Christophe Colomb d'Guadeloupe entdeckt. Den 19 mars 1946 get d'Guadeloupe én Franseicht Département.

Gwo Caillou läit zu Pigeon, an der Gemeng Bouillante, op der Hallefinsel Basse-Terre, vis-à-vis vum berühmten Naturreservat vum Commandant Cousteau.

Gwo Caillou ass esou situéiert dass et Iech en liichten Zougank, souwuel zum Mier wéi zu den Bierger, den Flëss an de Waasserfäll an der noer Emgéigend, bidd.

Guadeloupe

D’Mier ass 250 m ewech, d’Plage vun anse à sable fannt Dir op 800 m an d’Bucht vu Malendure, mat hirer schéiner Plage, läit just emol 2 km méi wäit.

200 Meter vun eis ewech fannt Dir all Liewensmëttelgeschäfter déi Dir braucht, a verschidde Restaurant.

Guadeloupe

Grande Terre kënnt Dir an 35 Minuten iwwer d’route de la traversée erreechen, den Norden vu Basse Terre a nëmmen 30 Minuten (Deshaies, Sainte-Rose,...), den Süde vu Basse Terre och an 30 Minuten (Vulkan La Soufrière, Vieux Fort, d’Waasserfäll vu Carbet,...)

 

Guadeloupe

Hei D’Streck vum Flughafen zu Gwo Caillou


Wann Dir den Flughafen hannert Iech loosst, passéiert Dir e puer rond-pointen. Fuert dem Schëld Basse Terre no bis Dir op eng véierspuereg Schnellstrooss kommt.

Huelt d’Ausfahrt Bouillante-Pointe-Noire. Am nächste rond-point huelt Bouillante-pointe-noire- route de la traversée

Passt op, owes an nuets kann sëch hei Niwwel bilden. Lächer an der Strooss gëtt ët och.

No ongeféier 20 Km kommt Dir op eng Kräizung wou Dir dann lënks op d’N2, Richtung Pigeon-Bouillante, ofbéit.

Op daer Strooss, mat ville Kéieren, kommt der laanscht Mahault, d’Plage vu Malendure, den Supermarché Match op aerer rietser Säit,an de Supermarché Leader Price op aerer lënkser Säit.Riets fannt Dir och d’Geschäft Tichou. Dir fuert laanscht d’Mier.
No enger klenger Brëck béit Dir direkt lënks of (vis-à-vis vun "Les 2 coquilles".

Gwo Caillou ass lënks op der Brëck ausgewisen.


Dir sid elo op der route de la glacière. Fuert nach 150 m weider Bei der éischter Strooss béit der lënks of. Bleiwt stoen. Dir gesid eng grouss gring Paart ( nuets gesid der se nët esou gud)
.

 

No uewen

Haaptsait

 

haaptsait - kleng bungalowen - grouss bungalows - schwämm gwo caillou - gaart gwo caillou - gäschtgeber - praiser bungalowen - iessen bungalowen - qualiteitscharta - ökotourismus guadeloupe - géographie guadeloupe - aktiviteiten vakanz - fotoen guadeloupe - tauchen malendure - auto lounen guadeloupe - linker vakanz - gäschtebuch - kontakt